An enger Zäit, wou déi digital Welt eng wichteg Roll am Liewe vun de Kanner spillt, ass et wichteg hiert Wuelbefannen ze fërderen an e favorabelt Ëmfeld fir hir kognitiv, emotional a sozial Entwécklung ze schafen. Beweegung spillt dobäi eng zentral Roll an der Entwécklung vum Kand, an dat vu Klengem un.
Bei dëser 14. Editioun mam Titel „Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder“ wäert de Prof. Dr. Christian Andrä d’Wichtegkeet vun der Beweegung an der Entwécklung vu Kanner tëschent 0 a 12 Joer ervirhiewen.
Dräi praktesch Beispiller an zwee inspiréierend Videoe sollen d‘Bildungs- a Betreiungsstrukturen dozou ureegen, Beweegung an hiren Alldag z’integréieren. Ergänzt gëtt dat Ganzt duerch d’Ausstellung „Zesummen aktiv“, déi nei Perspektiven opmécht, fir d’Praxis am Alldag ze beräicheren.
Interaktiv Stänn an eng Table-ronde bidden zousätzlech Méiglechkeete fir den Austausch an d’Reflexioun ronderëm dëst wichtegt Thema fir déi non-formal Bildung.
Aschreiwungen sinn ab dem 8. Oktober méiglech.