Dobaussen aktiv - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Dobaussen aktiv

Vill Kanner a Jugendlech beweegen sech am Alldag net genuch a verbréngen ze vill Zäit dobannen am Sëtzen. Doduerch ginn hinnen vill wäertvoll Erfarungen an Erliefnesser verluer an et wierkt sech och negativ op hiert allgemengt Wuelbefannen aus. Mat der Initiativ „DOBAUSSEN AKTIV“ wëll den SNJ Crèchen, Maison Relaisen, Jugendhaiser a Jugendorganisatiounen motivéieren an ënnerstëtzen, fir rëm méi Aktivitéiten dobaussen ze organiséieren – an dat bei all Wieder an zu all Joreszäit.

Dofir fannt Dir op dëser Säit konkret Aktivitéiten an och Iddien fir mat Kanner a Jugendlechen eng flott Zäit dobaussen ze verbréngen. Dobaussen aktiv sinn ass souvill méi wéi just an de Bësch trëppelen ze goen. Et ëmfaasst eng ganz Rei Aspekter un déi een am éischten Moment vläicht guer net denkt.

DOBAUSSEN FIT SINN

sech dobaussen an der frëscher Loft ze beweegen, fërdert Kanner a Jugendlech op villfälteg Aart a Weis an hirer Entwécklung an kënnt hirer kierperlecher a geeschteger Gesondheet zegutt.

DOBAUSSEN ENTDECKEN

a säin not Ëmfeld kenneléieren. Déi natierlech, wéi och déi gebauten Ëmwelt erwächt zudeem de Kanner a Jugendlech hir Loscht um erfuerschen an experimentéieren.

DOBAUSSEN KREATIV SINN

a mat de verschiddenste Materialien kënnen ze experimentéieren, Iddien auszeprobéieren a sou senger Kreativitéit a Fantasie fräie Laf kënnen ze loossen.

DOBAUSSEN GUTT DROP

Zäit dobaussen an der frëscher Loft ze verbréngen, hëlleft de Kanner a Jugendlechen erof ze kommen, iwwerschësseg Energie lass ze ginn a sech ze entspanen.

Projeten „Gitt dobaussen aktiv“

Trëppeltuer „Fräschewee“

Maison Relais Um Fräschepillchen (Ell)

Zum Video vum Projet

Bei de Wiichtelen

Crèche Keispelt (Keispelt)

Zum Video vum Projet

Wiederstatioun

Maison Relais De Jhangeli (Kietscht)

Petit à petit, l’oiseau fait son nid…

Crèche Pomme d’amour (Krauthem)

Zum Video vum Projet

Kreative Spielwerkstatt im Außengelände

Crèche Spillkëscht Mutfert (Mutfert)

Outdoor Camp

Jugendhaiser elisabeth Jeunesse

Good practice

E Bëschdag mat de Steeseler Wullmais – Kannerhaus Steesel

Weider Informatiounen : kannerhaus@cjf.lu

De Fräschewee – Maison Relais Um Fräschepillchen

Weider Informatiounen : MaisonRelais@Ell.lu

Am Bësch mat de Keespelter Wiichtel – Crèche Keispelt

Weider Informatiounen : sea.creche@kehlen.lu

„Petit à petit, l’oiseau fait son nid…“ – Crèche Pomme d’amour

Weider Informatiounen : crechepommedamour@gmail.com

D’Liewen an der Bëschcrèche – Crèche Betzder Bëschbutzen

Weider Informatiounen : beschbutzen@gmail.com

D’Fréijoer an der Bëschcrèche – Crèche Betzder Bëschbutzen

Mat frëndlecher Geneemegung vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.

De Summer an der Bëschcrèche – Crèche Betzder Bëschbutzen

Weider Informatiounen : beschbutzen@gmail.com

Den Hierscht an der Bëschcrèche – Crèche Betzder Bëschbutzen

Weider Informatiounen : beschbutzen@gmail.com

De Wanter an der Bëschcrèche – Crèche Betzder Bëschbutzen

Mat frëndlecher Geneemegung vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.

„De Fuuss on move“ – Maison Relais Waldbëlleg

Weider Informatiounen : mrwaldbillig@hotmail.com

„La crèche mobile“ – Crèche Dikricher Däbbessen

Weider Informatiounen : mireilleweyland@daebbessen.lu

„Dobaussen als Funktiounsraum“ – Maison Relais Stadtbriedemes

Weider Informatiounen : relais.stadtbredimus@croix-rouge.lu

Komm mat!…. – Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Méi „Komm mat!…“ Videoen um Youtube Channel vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Iddien-Box

Pousteren