Meng Rechter! – Kannerrechter am Alldag vun der Maison Relais

D’Wimmelbild “Meng Rechter!” ass eng zougänglech Informatiounsquell fir Kanner zu hire Rechter. D’Kannerrechter ginn duerch beispillhaft Situatiounen aus dem Alldag vun de Kanner an der Maison Relais graphesch duergestallt. Dobäi kënnt dass d’Artikelen aus der UNO Kannerrechtskonventioun an enger kannerfrëndlecher Sprooch presentéiert. Sou kënnen d’Kanner un hir eegen Erfarungen uknäppen, fir ze verstoen, wat hir Rechter sinn a wéi et sech uspiert, wann hir Rechter respektéiert ginn.
Wéi kann d’Wimmelbild agesat ginn?
D’Wimmelbild kann op Aenhéicht vun de Kanner un d’Mauer gehaange ginn, wou et eng permanent Presenz vun de Kannerrechter am Alldag duerstellt. Och kann et op de Buedem geluecht gi fir eng geziilten Aktivitéit mat de Kanner. Dobäi kann z.B. gefrot ginn:
- Wou erliefs du dëst Recht an dengem Alldag an der Maison Relais?
- A wat fir enge Situatiounen an dengem Alldag …géifs du gär méi oft deng Meenung gefrot ginn? …fills du dech onwuel? …fills du dech net sécher?
Zudeem kann d’Wimmelbild fir Reflexiounen an der Ekipp benotzt ginn. Dobäi kënnen folgend Froe gestallt ginn:
- Wéi setze mir d’Kannerrechter am Alldag ëm?
- Wou kënne mir d’Qualitéit vun eiser Aarbecht nach verbesseren, fir de Kanner méi gerecht ze ginn?
D’Wimmelbild kann och fir d’Sensibiliséierung vun den Eltere fir d’Rechter vum Kand déngen. Dofir kann d’Wimmelbild an den Aganksberäich gehaange ginn. Hei déngt et als Informatiounsquell fir d’Eltere fir ze soen: “Sou respektéiere mir d’Kannerrechter bei eiser Aarbecht an der Maison Relais.”