Formatioun fir d'"Référent.e.s pédagogiques" fir d'méisproocheg Bildung - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Formatioun fir d'“Référent.e.s pédagogiques“ fir d’méisproocheg Bildung

Programm fir eng méisproocheg Bildung

De Programm vun der méisproocheger Bildung (programme d’éducation plurilingue) an den ausserschoulesche Betreiungs- a Bildungsstrukture riicht sech un d’Kanner vun 1 bis 4 Joer. An deem Alter hunn d’Kanner déi beandrockend Fäegkeet, sech verschidde Sproochen op eng intuitiv an natierlech Aart a Weis unzeeegenen.

D’Zil vun der méisproocheger Bildung an der fréier Kandheet ass et d’Kanner op eng spilleresch an authentesch Aart a Weis bei der Entwécklung vun hiren individuelle méisproochege Ressourcen ze ënnerstëtzen. De Programm viséiert d’Loscht um Schwätzen an Interessi u verschiddene Sproochen erauszekëddelen. Ausserdeem geet et och ëm d’Erhéije vun der Chancëgläichheet an der Participatioun vun all de Kanner un eiser méisproocheger Gesellschaft.

De Programm vun der méisproocheger Bildung stëtzt sech op dräi Sailen:

I. D’Familiariséiere mam Lëtzebuergeschen a Franséischen, sou wéi och d’Valoriséiere vun de Familljesproochen

D’méisproocheg Bildung erméiglecht de Kanner sech vun Ufank un mat der lëtzebuergescher Sprooch ze familiariséieren. Parallel dozou begënschtegt de fréie Kontakt mat der franséischer Sprooch e méi natierlechen a spillereschen Zougang zu dëser Sprooch. D’Valoriséieren an d’aktiivt Matabezéie vun all de Kanner hire Familljesprooche spillen och eng wichteg Roll.

II. D’Bildungspartnerschaft mat de Famillen

D’méisproocheg Bildung stëtzt sech och op de Partenariat mat de Famillen. D’Crèchen ersetzen net d’Sproocherzéiung an de Famillen, si kënnen se awer ënnerstëtzen. Dowéinst ass et wichteg dass béid Parteien sech austauschen a matenee schaffen, fir koherent Weeër ze fannen, déi d’Entwécklung beim Kand fërderen.

III. D’Vernetzung op lokaler Ebene

Als drëtt Sail erméiglecht d’Vernetzung op lokaler Ebene de Kanner vu kleng un de Kontakt mat der alldeeglecher Méisproochegkeet an eiser Gesellschaft.

De Programm vun der méisproocheger Bildung ass fest an de Mesurë fir d’Qualitéitsentwécklung vum non-formale Bildungssecteur verankert.

Laut Gesetz (Loi du 29 août 2017 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la Jeunesse) muss de Programm vun der méisproocheger Bildung an alle Crèchen ëmgesat ginn, déi mat Chèques-Service Accueil schaffen, a Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer betreien.

Déi méisproocheg Bildung ass näischt wat eemol fir Struktur festgeluecht an net méi geännert gëtt. Am Géigendeel, d’Ëmsetzung gëtt permanent un den Alldag vun de Kanner ugepasst. All Crèche muss dowéinst een oder eng “Référent.e pédagogique” bestëmmen, déi d’Ëmsetzung vun der méisproocheger Bildung am jeeweilege Service koordinéiert.

Am Kader vum Gesetz, bitt de Service National de la Jeunesse (SNJ) eng gratis Formatioun (30 Stonnen) an dësem Beräich un, fir nei “Référent.es pédagogiques” ze forméieren.

De Programm vun der Formatioun ëmfaasst FËNNEF MODULER:

MODULEINHALTE
Modul 1
Frühe mehrsprachige Bildung in Luxemburg – Einführung in das Rahmenprogramm
Einführung in das Programm der frühen mehrsprachigen Bildung; seine Zielsetzungen, Handlungsfelder und Herangehensweisen im Kontext der non-formalen Bildung; Legale Basis und Auftrag der pädagogischen Referent_Innen
Modul 2
Spracherwerb und Mehrsprachigkeit
Grundlagen des Spracherwerbs und der sprachlichen Entwicklung bei Kindern von 0 bis 4 Jahren unter besonderer Berücksichtigung der Mehrsprachigkeit; Rolle der Fachkräfte in diesem Prozess
Modul 3
Mehrsprachige pädagogische Praktiken und Zusammenarbeit mit weiteren Akteuren
Mehrsprachige pädagogische Ansätze und Strategien; video-gestützte Reflexion der eigenen Praxis; Bildungspartnerschaft mit Familien und Vernetzung mit anderen externen Partnern in der frühen mehrsprachigen Bildung
Modul 4
Beobachtung und Dokumentation sprachlicher Praktiken
Prozess- und ressourcenorientierte Beobachtung und Dokumentation mehrsprachiger Situationen im Alltag; Auseinandersetzung mit verschiedenen Beobachtungsinstrumenten und Reflexion ihres Nutzens für die eigene sprachliche Bildungspraxis
Modul 5
Durchgängige Weiterentwicklung und Evaluation der pädagogischen Praxis
Strategien zur Multiplikation im Team; Integration der frühen mehrsprachigen Bildung in das Gesamtkonzept und in den allgemeinen Prozess der Qualitätsentwicklung in der Einrichtung; dialogische Evaluation der pädagogischen Praxis

ALLGEMENG INFORMATIOUNEN

Zil Public D‘ Formatioun riicht sech un Educateuren an Educatricen (membre du personnel d’encadrement) aus den ausserschouleschen Kannerstrukturen (SEA – Service d’éducation et d’accueil) déi Kanner am Alter vun 1-4 Joer betreien
Kriterien fir d’Aschreiwung Éducateuren an Éducatricen mat engem Ofschloss am psycho-sozialen oder pädagogeschen Beräich
Plaz vun der Formatioun Jee no Disponibilitéit an Organisatioun fënnt d’ Formation op folgenden Siten statt: Centre de Jeunesse Marienthal / Forum Geesseknäppchen / Université du Luxembourg
Dauer vun der Formatioun 30 Stonnen (op 3 Méint verdeelt)
Wéini All Joer während Januar a Juli
Sprooch  Op Lëtzebuergesch/Däitsch oder op Franséisch
Käschten Gratis

ASCHREIWEN AN D’FORMATIOUN 

AschreiwungD’Aschreiwung leeft iwwer de Site vun der Formatiouns-Agence “Croix Rouge”: https://formation.croix-rouge.lu/
Eenzel Moduler nohuelenFir eenzel Moduler vun der Formatioun nozehuelen, kontaktéiert w.e.g. d’Formatiouns-Agence „Croix-Rouge“ per Email: formation.sea@croix-rouge.lu oder iwwer Telefon: +352 27 55 22 09