Hausaufgabenhëllef - Videos - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Hausaufgabenhëllef

Am Kader vum Dispositif “Hausaufgabenhëllef”, dee fir d’ Rentrée 2022/23 agefouert gouf, sinn zwee Videoen an Zesummenaarbecht mam Secteur vun der non-formaler Bildung realiséiert ginn, fir gutt Praxisbeispiller virzestellen.

Deen éischte Video “Raumgestaltung” weist ënnerschiddlech Méiglechkeeten, wéi een eng angeneem a rouege Atmosphär am Hausaufgaberaum kreéiere kann, sou datt Kanner hir Hausaufgabe konzentréiert an a Rou erleedege kënnen.

Den zweete Video “Pedagogesch Haltung” geet op déi pedagogesch Haltung vum edukative Fachpersonal an, déi eng elementar Roll spillt, fir e Klima vu Vertrauen a Sécherheet ze schafen, wou d’ Kand sech wuelfillt fir seng Hausaufgaben ze maachen.