Datum: 24.10.2024
Uhrzeit: 14:00
Standort: Rotondes
Game on – Educator’s Day 2024
- SNJ; IFEN
Den Educator’s Day ass eng Formatioun am Kader vum Game On, wou et ëm de pedagogeschen Asaz vun analogen an digitale Spiller an der formaler an non-formaler Bildung geet. Dës Formatioun riicht sech virun allem u Personal, dat mat Jonken ab 10 Joer schafft. Den Event gëtt vum SNJ zesumme mam IFEN organiséiert an ass fir 4 Formatiounsstonne vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt.
