4. National Konferenz fir Dageselteren – « Grouss ginn a Beweegung: D’ Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur » - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

4. National Konferenz fir Dageselteren – « Grouss ginn a Beweegung: D’ Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur »

Déi véiert Konferenz fir Dageseltere steet ënnert dem Thema « Grouss ginn a Beweegung: D’Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur ». D’Spill an d’Beweegung an der fräier Natur ënnerstëtzen d’Autonomie, d’Kreativitéit an d’Ëmweltbewosstsi vun de Kanner vu klengem un.

Den Dr. Boris Jidovtseff, vum Département des Sciences de l’activité physique vun der Universitéit zu Léck, wäert déi positiv Auswierkunge vun der Beweegung am Fräien op d’Entwécklung vun de Kanner thematiséieren. A sengem Virtrag geet hien ausserdeem drop an, wéi Dageseltere geziilt Beweegungsaktivitéiten an hiren Alldag integréiere kennen. Workshops, ugebuede vun der Agence Dageselteren, bidden d’Méiglechkeet sech iwwer déi praktesch Ëmsetzung am Alldag auszetauschen.

Unhand vu konkreten an inspiréierende Beispiller aus der Fuerschung an der Praxis, invitéiert des Konferenz dozou nei Iddien a praktesch Approche fir méi Beweegung am Fräien ze entdecken an ze deelen.

Aschreiwungen sinn ab dem 8. September méiglech.