Educator's Day 2025 - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Educator’s Day 2025

Am Kader vum Spillfestival Game On (15. a 16. November 2025), fënnt den Educator’s Day 2025 den 30. Oktober vu 14 :00 bis 19 :00 Auer an de Rotondë statt. Dëst Event, dat fir dat pedagogescht Fachpersonal an d’Enseignantë virgesinn ass, erméiglecht et déi formal an non-formal Bildung ronderëm e gemeinsaamt Thema zesummen ze bréngen: de pedagogeschen Ëmgang mat analogen an digitale Spiller.

Verschidde Projeten ewéi LevelED an d’Ludothéiken wäerte virgestallt ginn. Praktesch Ateliere ginn op villfälteg Themen an: d’Pedagogie ronderëm d’Spill, Animatioun vu Spiller, Kreatioun vu Spiller, oder och nach Spiller ouni Material. Dëst Zesummekomme schléisst mat engem Spill-Kaffi of, wou verschidden edukativ Spiller virgestallt a getest ginn.

Aschreiwunge sinn ab September méiglech.