Datum: 26.10.2023
Uhrzeit: 14:00
Standort: Rotondes
Game on – Educator’s Day 2023
- SNJ, IFEN, Rotondes, Spillfabrik
Den Educator’s Day ass eng Formatioun am Kader vum Game On, wou et ëm de pedagogeschen Asaz vun analogen an digitale Spiller an der formaler an non-formaler Bildung geet. Dës Formatioun riicht sech virun allem u Personal, dat mat Jonken ab 10 Joer schafft. Den Event gëtt vum SNJ zesumme mam IFEN, de Rotondes an der Spillfabrik organiséiert an ass fir 4 Formatiounsstonne vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt.
➡️ Den Event am Iwwerbléck 🔗.
