Booklet : Een Dag an der Crèche - enfancejeunesse
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Een Dag an der Crèche – Bildgestëtzte Kommunikatioun mat den Elteren

Dëst Buch ass méi wéi just e Billerbuch. Heibäi handelt et sech ëm een Hëllefsmëttel fir dem pedagogeschen Personal d’ Kommunikatioun mat den Elteren ze erliichteren. Och wann Biller keng Sprooch ersetzen, bidde si eng wichteg Ënnerstëtzung fir éischt Gespréicher mat den Elteren ze féieren, sou datt d’ Elteren sech an der Crèche wëllkomm fillen. Dëst Buch erliichtert den Austausch a kann un all Crèche ugepasst ginn.