En détail

An dëser ganz praktesch orientéierter Formatioun léiert dir:

  • Wéi dir iech selwer op d‘Erzielen virbereet – eng gutt Virbereedung ass d’Garantie fir ären Erfolleg
  • Wat fir eng Feeler dir vermeide sollt wann dir e Buch als Ënnerlag fir är Geschicht gebraucht
  • Wéi dir är Kreativitéit aktivéiert, fir selwer interressant a spannend Geschichten ze erfannen
  • Wat fir eng verschidden Techniken et ginn fir flott a spannend Geschichten z‘erzielen
  • Wéi dir mat ärer Stëmm spillen kënnt a se wierkungsvoll asetzt
  • Wéi et iech geléngt d’Opmierksamkeet vun den Nolauschterer bis zum Schluss ze hunn
  • Wou sech är Stëmmkierper befannen a wéi dir déi richteg zum Asaz bréngt
  • Dir kritt eng Mapp mat Iddien a Beispiller fir direkt lasszeleeën

 

Kompetenzen

Dir gitt heem mat Tonnen Iddien a wësst elo wéi eng Instrumenter iech zur Verfügung stinn fir interessant Geschichten z’erzielen. Dir kënnt är 3 Stëmmkierper a wësst wéi dir mat äerer Stëmm kënnt spillen a se un déi verschidde Situatioun upassen. Dir hutt och nach eng Unzuel vu Strategien beihand fir är Nolauschterer ze fesselen a se aktiv um Geschéien deelhuelen ze loossen. Dir sidd total iwwerrascht iwwert är eege Kreativitéit an dir traut iech elo aus iech erauszegoen.

 

Methodik

  • Informatioun an Uleedung zu prakteschen Übungen
  • Gruppenaarbechten
  • Gemeinsaamt Ausschaffe vu verschiddene prakteschen Atelieren mam Material op der Plaz
  • Praxisbeispiller an Alldagstransfer
  • Diskussioun an Erfarungsaustausch

 

Inscription