En détail

thumbnail of Flyer-Word-PDF1

Kick-Off vum Concours “Living and Working in Space”

 

Fir eis Kanner a Jugendlech ze motivéieren (nach méi) kreativ ze sinn a sech gläichzäiteg mat techneschen, sozialen a wirtschaftlechen Erausfuerderungen ze beschäftegen, hu mir d’Interdisciplinary Cre@tivity and Skills Competition (ICSC) gegrënnt (cf. Flyer an der Annexe).

 

Matmaache ka jiddereen deen sech an enger Equipe zesummendeet, z.B. eng Maison Relais, ee Jugendhaus oder eng Schoulklass (EF C1 – C4, ESG/ESC, EDIFF…). Et geet drëm bis zum 25. Juni 2018 eppes Kreatives zum Thema « Living and Working in Space » ze erstellen. Dat kann eng selwer gebastelt Rakéit am Kartong sinn, Verhalensreegele wei Mënsche während Joren op klengstem Raum an enger Weltraumstatioun zesummeliewe kënnen, ee Stopmotion Video, eng Websäit zur Circular Economy oder e Roboter deen op engem Asteroid no Mineralie sicht. Der Kreativitéit solle keng Grenze gesat sinn!

 

Als Teamleader muss jeeweils een Erwuessenen derbäi sinn. Sidd Dir interesséiert, dann invitéiere mir Iech op eise Kick Off Workshop, Dënschden, de 27. Februar 2018 vu 15 – 18 Auer am Makerspace « Base 1 » um Forum Geesseknäppchen (1. Stack). Niewent e puer Erklärungen zum Concours selwer, wäert Dir Iech awer virun allem an e puer prakteschen Atelieren inspiréiere kënnen, wat a wéi dir mat ärem Team kënnt schaffen.

 

D’Ateliere sinn:

  • Stopmotion Video mam Smartphone maachen (Raoul Petit)
  • Produzéiere vu Comic (Claude Reuter)
  • Monster Factory (Claire Flammang)
  • Game Based Zeenario erstellen (Daniela Hau)
  • Programmatioun vun engem Lego Mindstorms Roboter (Gilberto Fernando)
  • Kollaborativ Dokumentatioun zu engem Projet erstellen (Serge Linckels)
  • Kreativ Prototyping am Team (Koen Cloostermans)
  • Aféierung a Kniwwelino « Mini-Computer » (Marc Koch)

 

Umeldung iwwert folgende Link: https://icsc.cf/kick-off/