En détail

Dëse Symposium gëtt am Kader vun der Qualitéitssécherungan der non formaler Bildung organiséiert. E bidd ee Kader fir sech ënnerteneen iwwer Ressourcen, Erfarungswärter an Uwendungen an der Alldagsaarbecht mat de Jugendlechen auszetauschen.

 

Ziler

  • Ee nationalen Austausch iwwer d’Selbstevaluatioun an de Jugendhäiser: Instrumenter, Methoden an Indikateuren
  • Eng gemeinsam Basis ausschaffen no der jidderee sech orientéiere kann
  • Netzwierker op- an ausbauen
  • Nei Iddien erschaffen an e Bléck an d’Zukunft werfen

 

An de leschte Joeren huet den Dispositif fir d‘Qualitéitssécherung an de Jugendhäiser sech grondleegend entwéckelt. Et si nei Prozeduren agefouert ginn, nei Instrumenter goufen entwéckelt a verschidde pädagogesch Handreichungen a Guide goufe publizéiert.

Op dësem Symposum situéiere mir déi verschidde bestoend Instrumenter am Gesamtdispositif vun der Qualitéitssécherung, esou wéi et an der „loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse“ virgesinn ass.

Mir beliichte wéi d’Situatioun an der Alldagspraxis vum edukatiive Personal ass, déi jo direkt vun dësen Entwécklunge betraff sinn. Mir kënnen eis iwwert d’Staerkten an d’Schwäche vum Dispositif austauschen et Besoinen identifizéieren déi nach net ofgedeckt sinn.

De Symposium geet besonnech an den Detail wat d’Selbstevaluatioun vun der edukativer Praxis an de Jugendhäiser ubelaangt.

 

An den Diskussiounsgruppe ma mir eis Gedanken doriwwer wat ee gudd Jugendhaus ausmécht a wéi déi édukativ Ekippen hier Aarbecht selwer évaluéiere kënnen.

 

Froen déi diskutéiert ginn sinn:

  • Wéi définéiere mir Evaluatioun a Selbstevaluatioun? Wat sinn d’Grondlagen?
  • Welch Instrumenter kënne maer uwenden?
  • Welch sinn ons Indicateuren a Froestellungen an dem Evaluatiounsprozess?
  • Welch Wirkuns- an Handlungsziler setze maer eis als Struktur?
  • Wéi kënne maer d’Resultater dokumentéieren an auswerten fir anschliissend an d‘Weiderentwécklung vum Konzept anzefléissen?

 

Mir schaffen ee Methodekoffer aus.

Diskussiounen, Austausch a praktesch Beispiller

 

PROGRAMM

 

08.30 – 09.00 Auer          Accueil

09.00 – 09.45 Auer          De Qualitéitsprozess an d‘Selbstevaluatioun an de Jugendhäiser zu Lëtzebuerg, Georges Metz

09.45 – 10.15 Auer          D’Selbstevaluatioun aus der Perspektiv vun de Gestionnairen, Simone Grün

10.15 – 10.45 Auer          Kaffispaus

10.45 – 12.45 Auer          Diskussiounsgruppen

12.45 – 14.00 Auer          Mëttegiessen an informellen Austausch

14.00 – 16.00 Auer          Diskussiounsgruppen

16.00 – 17.00 Auer          Plenumsdiskussioun

17.00 Auer                        Schluss

17.00 – 19.00 Auer          Snack & Talk

 

Aschreiwung bis de 16. Juni 2019 per online Formulaire : https://www.snj.public.lu/fr/symposium-jugendaarbechter-selbstevaluatioun

Partizipatiounskäschten: 15 €

Weider Informatioune fir ze bezuele kritt dir am Confirmatiounsmail.