En détail

An dëser praktesch orientéierter Formatioun léiert dir :

  • Wat et fir iech perséinlech heescht, datt Dir net „net“ kommunizéieren kënnt
  • Wat fir eng Instrumenter Konfliktsituatiounen entschäerfen a wéi Dir se asetze kënnt
  • Wéi Dir iech optimal op en Elteregespréich oder en anert wichtegt Gespréich virbereede kënnt.
  • Wéi Dir esou kommunizéiert, datt Dir wouergeholl gitt an dat mam gewëschte Resultat
  • Wéi eng Sproochschlësselen Dir am alldeeglechen Ëmgang sollt/kënnt gebrauchen
  • Dir kritt e Support mat de wichtegsten Informatiounen fir nozeschloen

 

Kompetenzen

No dëser Formatioun hutt dir de geheime Schlëssel, dee quasi all d’Dieren opmaache kann. Dir wësst genee, wat fir eng Kommunikatiouns-Strategien Dir zu de jeweilege Situatiounen zilsécher asetze kënnt. Dir hutt vill iwwert iech selwer geléiert an dat gëtt iech déi Sécherheet, déi Dir braucht fir richteg ze kommunizéieren. Dat Wëssen, dat Dir hei mathuelt wäert äert d’Liewen veränneren.

 

Methodik

  • Praktesch Übungen an der Gruppenaarbecht
  • Ausschaffe vu verschiddene Stategien am Aklang mat senger eegener Perséinlechkeet
  • Praxisbeispiller an Alldagstransfer
  • Diskussioun an Erfarungsaustausch

 

Inscription