En détail

An de leschte Joeren huet den Dispositif fir d'Qualitéitssécherung an de Jugendhäiser sech grondleegend entwéckelt. Et si nei Prozeduren agefouert ginn, nei Instrumenter goufen entwéckelt a pädagogesch Handreichungen a Guide goufe publizéiert.

Op dësem Symposium situéiere mir déi bestoend Instrumenter am Gesamtdispositif vun der Qualitéitssécherung, esou wéi et an der « loi modifiée du 4 juillet 2008″ sur la jeunesse » virgesinn ass.

Mir beliichte wéi d'Situatioun an der Alldagspraxis vum edukative Personal ass, déi jo direkt vun dësen Entwécklunge betraff sinn. Mir kënnen eis iwwert d'Stärkten an d'Schwäche vum Dispositif austauschen a Besoinen identifizéieren déi nach net ofgedeckt sinn.

De Symposium geet besonnech an den Detail wat d'Selbstevaluatioun vun der edukativer Praxis an de Jugendhäiser ubelangt.

An den Diskussiounsgruppe ma mir eis Gedanken doriwwer wat ee gudd Jugendhaus ausmécht a wéi déi edukativ Ekippen hier Aarbecht selwer évaluéiere kënnen.

Detailer iwwert de Programm an den online Aschreiwungsformulaire fannt daer hei:

https://www.snj.public.lu/fr/symposium-evaluatioun-selbstevaluatioun-am-jugendhaus

 

 

Inscription SNJ