En détail
D’Aarbecht an enger Jugendorganisatioun ass am Bildungsberäich eng ganz spezifesch.
Zemools, wann een nei ufänkt, waarden eng ganz Rëtsch Defien.
Wat ass eng Jugenstruktur ?
Wat ass non-formal Bildung ?
Wat ass meng Aufgab als Erzéier? Wat ass e Bildungsoptrag?
Wéi kann ech eng „gesond“ Bezéiung zu de Jugendlechen opbauen ?
Dës Formatioun ass obligatoresch fir all Erzéier deen néi ufänkt a muss a sengem 1. Schaffjoer absolvéiert ginn.
Folgend Themen a Schwéierpunkte gi behandelt :
– Gesetzgebung a Verantwortung
– Strukturqualitéit
– Bildungsrahmenplan
– Prozessqualitéit
– Hëllefsstrukturen
– Rechter a Pflichten vun de Jonken
– Netzwierkaarbescht a Weiderbildung
Aschreiwungsfrist:1. Mäerz 2021