En détail
Résumé :
Dir gitt aus dëser Formatioun eraus mat enger Unzuel un Idien an dir kënnt et kaum erwaarden, déi flott Übungen an déi einfach Techniken och an ärer Struktur am Alldag ëmzesetzen.
Dir erkennt elo direkt wéi dir déi alldeeglech Aufgaben als optimal Geleeënheet kënnt notzen, fir sproochlech Strukturen spilleresch ze vermëttelen
Objectifs :
- Wéi Dir den Interresi fir aner Sproochen weckt a wéi eng Techniken do gutt fonktionnéieren.
- Wéi eng Aktivitéiten dir zu deenen alldeeglechen Aufgaben, wéi Hännwäschen, iessen, undoen kënnt maachen
- Wéi ee Material dir dofir kënnt asetzen
- Erfarungsaustausch mat Educateuren an Educatricen aus anere Strukturen
- Iddien wéi dir är eege Kreativitéit zu dësem Thema aktivéiert an erweidert
- Dir kritt eng Mapp mat Iddien a Beispiller fir direkt lasszeleeën
Contenu :
- Informatioun an Uleedung zu prakteschen Übungen
- Gruppenaarbechten, Diskussioun an Erfahrungsaustausch
- Gemeinsaamt Ausschaffe vu verschiddene prakteschen Atelieren mam Material op der Plaz hutt.
- Praxisbeispiller an Alldagstransfer
Prérequis : Dir musst fir d’éischt de Modul 1 – Basismodul gemaach hunn