En détail
Résumé
Dir gitt voll motivéiert a mat engem gutt gefëllte Rucksack un Iddien a Strategien an den Alldag zeréck an hutt elo genee déi Instrumenter, déi dir braucht, fir erfollegraÄich a sécher mam Thema Méisproochegkeet ëmzegoen.
Dir huut d’Geheimnis kennegeléiert op wat et ukënnt a wéi dir op ganz onkomplizéiert an interessant Manéier, SProoch mat Beweegung an Aktivitéit am Alldag Kombinéiert, onofhängeg ëm wéi eng Sprooch et geet.
Objectifs
- Wéi dir op spilleresch Manéier, d’Méisproochegkeet an den normalen Alldag integréiert
- Wéi eng Aktivitéiten am beschte fonktionnéieren, och mat engem ganz klenge Budget
- Wéi eng praktesch Techniken et ginn fir Sprooch an Aktivitéit ze kombinéieren
- Firwat d’Kombinatioun vu Sprooch a sënnesspezifeschen Aktivitéiten de gréissten Erfolleg bréngen
- Wéi dir är eege Kreativitéit aktivéiert an erweidert fir iech selwer nei Aktivitéiten auszedenken
- Wéi eng Materialien dir kënnt asetzen, a wéi dir äert eegent Material aus der Crèche kënnt abauen
- Dir kritt eng Mapp mat Iddien a Beispiller fir direkt lasszeleeën
Contenu
- Informatioun an Uleedung zu prakteschen a sënnesspezifischen Übungen
- Gruppenaarbechten, Diskussioun an Erfahrungsaustausch
- Gemeinsaamt Erschaffe vu verschiddene prakteschen Ateliren mam Material dat dir op der Plaz hutt.