En détail

Dës Formatioun huet als Objektiv Informatiounen ze vermëttelen iwwert déi Situatiounen op déi een kann am Kontakt mat Jugendlecher an der opsichender, souwéi an der oppener Jugendaarbecht an awer och am Jugendhausalldag treffe kann. – Wat fir Schwieregkeete kënnen optauchen a wéi kënne mär domadder ëmgoen? – Wat sinn di Normen a Regelen vum Islam di am deegleche Liewen vun jugendleche Moslem wichteg sinn? – Wat mécht den Fundamentalismus esou attraktiv fir eenzel Jugendlecher? – Wei recrutéieren radikal Islamisten? Wat sinn di Verspriechen di radikal Islamisten Jugendlechen maachen? – Wei kann ech erkennen dat ee Jugendlechen an engem Prozess vu Radikalisatioun ass, a wei ginn ech domadder em? Des Formatioun ass organiséiert an Zesummenarbecht tescht dem SNJ an dem IFEN

Inscription SNJ