En détail

D’Kachen do baussen um Feier stellt den Ursprong vun eiser Spezies duer, ass awer och gläichzäiteg e Brauch ginn, deen eis Mënsche schon ëmmer faszinéiert huet, an och haut nach fest an de Kulture verankert ass. Nieft Rezepter déi traditionell um Feier zoubereet ginn, huet sech an de leschte Joerzéngten eng reegelrecht Barbecue-Kultur entwéckelt. Schnell lant beim Zesummekomme vu Famill oder Frënn a sonnegem Wieder eng Wurscht um Grill mat engem Bréitchen oder enger Zalot. Allerdéngs kann ee mat ganz wéineg Material vill méi um Feier zoubereeden, wéi een heiansdo denke kéint.

An dëser Formatioun léiert dir einfach Rezepter kennen, déi ee mat wéineg Material um Feier kache/bake kann an dir kritt Informatiounen iwwert e puer wichteg Sécherheetsaspekter, déi dir beim Kachen um Feier mat engem Grupp vu Jonke respektéiere sollt.

D’Material mat deem mir schaffe si „Dutchoven“ a „Muurikka“-Panen.

 

Remark

D’Formatioun fënnt dobausse statt, aus deem Grond ass et wichteg un d’Wieder ugepasste Kleeder a Schong unzedoen. D’Kleeder sollte mat Preferenz aus Kotteng sinn a net synthetesch well mir vill beim Feier a mat dem Feier schaffen.

Matbrénge soll jiddereen:

·         Waasser fir ze drénken

·         Schossel, Läffel a Becher

 

Validation no.2017_04_ANB_24/28