Zesummen Aktiv

-
Dës Säit ass fir Iech: Zil ass et, Iech duerch konkret Beispiller vu Strukturen aus Lëtzebuerg ze inspiréieren. Dir kënnt och selwer dozou bäidroen, andeems Dir eis Är eege flott Projeten oder Initiative schéckt, fir se mat aner Strukturen ze deelen.
Kontakt: zesummenaktiv@men.lu
Beweegungschallenge
Prett fir Beweegung, Spaass a spannend Erausfuerderungen?
Da maacht mat bei der Beweegungschallenge wou d’Freed un der Beweegung an d’Kreativitéit am Mëttelpunkt stinn.
D’Beweegungschallenge riicht sech u Gruppen aus den SEAS a bitt ofwiesslungsräich Erausfuerderungen fir d’Cyclen 1 bis 4.
D’Challengë fannen zu 3 verschiddenen Datumer statt, a sollen als Grupp vu mindestens 8 Kanner zesumme gemeeschtert ginn:
Challenge #1: ab Mëttwoch, dem 12. November 2025 – Deadline: 17. Dezember 2025
Challenge #2: ab Mëttwoch, dem 7. Januar 2026 – Deadline: 11. Februar 2026
Challenge #3: ab Mëttwoch, dem 25. Februar 2026 – Deadline: 25. Mäerz 2026
Wéi kann ee matmaachen?
- ➣ Mellt eng oder méi Gruppen mat jeeweils min. 8 Kanner fir d’Beweegungschallenge un.
- ➣ Da kritt dir d’Challengen zu de jeeweilegen Datumer per Mail geschéckt.
- ➣ Pro Challenge ginn et 3 Levelen, déi et ze packe gëllt, an ee Bonus-Level.
- ➣ Filmt d’Kanner wann se d’Challenge maachen.
- ➣ Fir all Level, deen d’Grupp mécht, soll e kuerze Video vu maximal 2 Minutten un eis geschéckt ginn.
- ➣ Weider Detailer dozou kritt Dir wann Dir iech fir d’Beweegungschallenge ugemellt hutt.
👉 Hutt dir Loscht kritt? Da mellt iech HEI un a sidd bei der éischter Beweegungschallenge fir SEAS dobäi!
D’Beweegungschallenge ass eng Initiative vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Dobaussen aktiv
Klengkandberäich

Zesumme fir aktiv Kanner – Crèche bei de Wiermercher
Dëse Video ass am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” entstan. E weist, wéi vilfälteg Beweegungméiglechkeeten am Alldag vun de Kanner an der Crèche “Bei de Wiermercher” ëmgesat ginn an hiert Maskottche Wibbeli begleet si dobäi op Schratt an Tratt.
Dës Praxisbeispiller aus verschidden SEA sinn am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” zesummegestallt ginn. Si weisen, wéi villfälteg Beweegungsofferen an den SEA kënne sinn a bidden aner Strukturen Inspiratioun an Iddien, fir Beweegung am Alldag mat de Kanner ze stäerken.




Aufwachsen in Bewegung: Die Bedeutung des Spiels in der freien Natur
Dëse Video ass entstanen am Kader vun der Nationaler Konferenz fir Dageselteren zum Thema ‘Grouss ginn a Beweegung: D’ Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur’. Am Video gëtt gewisen, wéi Beweegung dobaussen am Alldag mat de Kanner vun dräi Dageseltere stattfënnt a wéi se einfach ëmgesat ka ginn.
„E Bëschdag mat de Steeseler Wullmais“ – Kannerhaus Steesel
D’Kanner aus der Crèche Kannerhaus vu Steesel ginn an dësem Video en Abléck an en Dag mat hinnen am Bësch. Hei kënnen si sech fräi beweegen, d’Natur mat all hire Sënner an an hirem Rhythmus entdecken a dobäi léieren si sech selwer an hir Liewenswelt ronderëm besser kennen.
Méi Infoen : kannerhaus@cjf.lu
„Am Bësch mat de Keespelter Wiichtel“ – Crèche Keespelt
An dësem Video geet et mat de Kanner op Entdeckungsrees an de Bësch – an d’Welt vun de Wichtel. Tëscht Äscht, Blieder an Insekten erliewen si d’Natur mat all hire Sënner. Zesumme maachen si flott a kreativ Aktivitéiten. Kleng Erausfuerderunge, wéi d’Gläichgewiicht halen oder e bësse Kloteren hëllefen de Kanner, méi sécher a selbststänneg ze ginn an hiren natierleche Virwëtz ze fërderen.
Méi Infoen : sea.creche@kehlen.lu
„Petit à petit, l’oiseau fait son nid…“ – Crèche Pomme d’amour
De Projet vun der Crèche Pomme d’amour zu Krautem war Deel vun der Initiativ “Gitt dobaussen aktiv”. De Video weist, wéi de Projet ëmgesat gouf a wéi en d’Kanner duerch konkret Erliefnisser an Aktivitéite fir d’Natur an d’Vulle begeeschtert huet.
Méi Infoen : crechepommedamour@gmail.com
„D’Liewen an der Bëschcrèche” – Crèche Betzder Bëschbutzen
Déi fënnef Videoe vun der Bëschcrèche vu Betzder presentéieren Aktivitéiten, déi am Laf vun de Joreszäiten am Bësch stattfannen. D’Kanner erliewen hei d’Natur op eng natierlech a spilleresch Manéier, dobäi ginn d’Freed un der Beweegung, d’Selbststännegkeet an d’Selbstvertraue geziilt gefërdert. Duerch Sënnesspiller, motoresch Erausfuerderungen a gemeinsam Erliefnesser wéi d’Baue vun enger Hütt oder d’Erfuersche vun der Ëmwelt, ginn hir Kreativitéit, hiren Teamgeescht an hire Virwëtz ugereegt. Dës Approche erméiglecht et de Kanner, d’Joreszäiten intensiv ze erliewen an eng déif Verbindung mat der Natur opzebauen.
Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com
„D’Fréijoer an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen
Mat frëndlecher Erlaabnis vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.
„De Summer an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen
Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com
„Den Hierscht an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen
Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com
„De Wanter an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen
Mat frëndlecher Erlaabnis vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.
Schoulkanner

Zesumme fir aktiv Kanner – SEAS Roude Fiels Rëmeleng
Dës Praxisbeispiller aus verschidden SEA sinn am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” zesummegestallt ginn. Si weisen, wéi villfälteg Beweegungsofferen an den SEA kënne sinn a bidden aner Strukturen Inspiratioun an Iddien, fir Beweegung am Alldag mat de Kanner ze stäerken.






Aufwachsen in Bewegung: Die Bedeutung des Spiels in der freien Natur
Dëse Video ass entstanen am Kader vun der Nationaler Konferenz fir Dageselteren zum Thema ‘Grouss ginn a Beweegung: D’ Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur’. Am Video gëtt gewisen, wéi Beweegung dobaussen am Alldag mat de Kanner vun dräi Dageseltere stattfënnt a wéi se einfach ëmgesat ka ginn.
„De Fuuss on move“ – Maison relais Waldbillig
Dëse Video weist e Projet, deen d’Kanner motivéiert, méi dacks Vëlo ze fueren an dës Erfarung mat anere Kanner ze deelen. Duerch reegelméissegt Üben entwéckelen si hiert Gläichgewiicht, d’Reaktiounsfäegkeet an hir Koordinatioun, zum Beispill duerch d’Slalom fueren oder kleng Parcourse mat Hindernisser. Dës Aktivitéite stäerken net nëmme Selbstvertrauen a Freed u Beweegung a Sport, mee fërderen och den Zesummenhalt, d’géigesäiteg Ënnerstëtzung an d’Iwwerwanne vu perséinleche Grenzen.
Méi Infoen : mrwaldbillig@hotmail.com
Fundamentals – Team Lëtzebuerg
“Summerprojeten: Adventure” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék
Dobannen aktiv
Klengkandberäich

Zesumme fir aktiv Kanner – Crèche bei de Wiermercher
Dëse Video ass am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” entstan. E weist, wéi vilfälteg Beweegungméiglechkeeten am Alldag vun de Kanner an der Crèche “Bei de Wiermercher” ëmgesat ginn an hiert Maskottche Wibbeli begleet si dobäi op Schratt an Tratt.
Dës Praxisbeispiller aus verschidden SEA sinn am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” zesummegestallt ginn. Si weisen, wéi villfälteg Beweegungsofferen an den SEA kënne sinn a bidden aner Strukturen Inspiratioun an Iddien, fir Beweegung am Alldag mat de Kanner ze stäerken.




„La crèche mobile“ – Crèche Dikricher Däbbessen
An dësem Video gëtt e Projet aus der Crèche zu Dikrech gewisen: d’Benotze vu Lafrieder. Mat dëse Vëloen ouni Pedalle léieren d’Kanner no an no hiert Gläichgewiicht ze halen. Op spilleresch Aart a Weis a ganz an hirem eegene Rhythmus ginn si esou op dat richtegt Vëlofuere virbereet, an entdecken dobäi d’Freed op zwee Rieder ze fueren.
Méi Infoen : mireilleweyland@daebbessen.lu
“Sport a Beweegung” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék
Schoulkanner

Zesumme fir aktiv Kanner – SEAS Roude Fiels Rëmeleng
Dës Praxisbeispiller aus verschidden SEA sinn am Kader vun der Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung mam Thema “Bewegung bildet – gemeinsam für aktive Kinder” zesummegestallt ginn. Si weisen, wéi villfälteg Beweegungsofferen an den SEA kënne sinn a bidden aner Strukturen Inspiratioun an Iddien, fir Beweegung am Alldag mat de Kanner ze stäerken.


Fundamentals – Team Lëtzebuerg
“Sport a Beweegung” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék
Beweegungsaktivitéiten
An dëser Rubrik fannt Dir villfälteg Spillformen fir dobaussen an dobannen, souwuel fir de Kleng-, wéi och fir de Schoulkandberäich. Dës Aktivitéite goufen am Kader vun der Screen-Life-Balance Campagne, a Kooperatioun mat Elisabeth an dem INAPS entwéckelt a bidden Iddien, wéi ee Beweegung an den Alldag mat de Kanner integréiere kann. D’Aktivitéite sinn einfach duerchzeféieren a fërderen d’Entwécklung vun enger breeder motorescher Basis – dobäi stinn d’Freed an de Spaass un der Beweegung am Mëttelpunkt.
Dobaussen aktiv
Klengkandberäich
Lafspiller
Reaktiounsspiller
Rollespiller
All d’Beweegungsaktivitéiten fir de Klengkandberäich
Schoulkanner
Lafspiller
Spiller zum Geheien a Fänken
Denk- a Strategiespiller
Reaktiounsspiller
All d’Beweegungsaktivitéiten fir d’Schoulkanner
Dobannen aktiv
Abteilung im Aufbau
Pädagogescht Material
Grouss ginn a Beweegung: D’ Wichtegkeet vum Spill an der fräier Natur (Externe YouTube Link)
3 Fragen an Boris Jidovtseff










