Aluedung un d’SEAS an Dageselteren – Schoulfoire 2026
Léift pädagogescht Personal,
Dëst Joer mécht d‘Schoulfoire Dieren och fir d’SEAS an Dageselteren op: den 21. Abrëll vun 13:00 bis 17:00 Auer fir d’Kanner aus de Cyclen 3.2, 4.1 a 4.2. Mir freeën eis, Iech an der Luxexpo – The Box wëllkomm ze heeschen an dëse flotte Moment mat Iech ze deelen.
Op verschidde Statiounen, déi iwwer d’Foire verdeelt sinn, kënnen d’Participanten déi verschidden Animatiounen, Stänn an aner Iwwerraschungen entdecken.
Um Programm: Informatiounsstänn, déi vun de Lycéeën aus Lëtzebuerg bedriwwe ginn, erméiglechen de Visiteuren, hir Formatiounen, Spezialitéiten an edukativ Projeten ze entdecken. Dës Austauschberäicher bidden d’Geleeënheet, Froen ze stellen an detailléiert Informatiounen iwwer déi ugebuede Parcoursen, ze kréien.
En interaktive Rallye, speziell fir d’Kanner an dat pädagogescht Personal geduecht, erlaabt hinnen, déi verschidde Formatiounswelten op eng spilleresch a participativ Aart a Weis ze entdecken. Nom Rallye waart eng Iwwerraschung op all Kand.
An dat ass nach net alles!
An der Arena 1 hëlt e wëssenschaftleche Spektakel d’Kanner ëm 14:30 Auer mat an d’Welt vun de Ballonen a Seefeblosen. Net ze verpassen ass och d’Präisiwwerreechung vu „Loscht op Handwierk“ um 15:45 Auer, e Pilotprojet fir d’Handwierksberuffer ze fërderen. Kommt d’Participanten aus den SEAS ënnerstëtzen – hiert Engagement verdéngt Är Ënnerstëtzung.
Dësen Dag, geduecht fir d’Kanner, awer och fir all déi, déi si am Alldag begleeden, ass eng flott Geleeënheet fir sech ze begéinen an sech auszetauschen.
Fir Iech anzeschreiwen, klickt w.e.g. hei oder scannt de QR-Code um Flyer. D’Deadline fir d’Umeldung ass de 16. Abrëll 2026. Dir kritt all praktesch Informatiounen no Ärer Umeldung.
