Kannerfestival an d’Kannerwoch - enfancejeunesse

Kannerfestival an d’Kannerwoch

D’Woch fänkt u mat engem Kannerfestival, samschdes, de 17. a sonndes, de 18. Mee 2024 am Centre culturel de rencontre Neimënster. Iwwer sechzeg Atelieren invitéieren Är Kanner fir ze spillen, ze kreéieren, ze entdecken, ze sichen oder ze erfuerschen a weisen Iech, wéi een duerch an iwwer dem Spille léiert. Dir kënnt Iech esou mat den Handlungsfelder vun der non formaler Bildung an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen a bei den Dageseltere familiariséieren.

D’Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, d’Maison-relaisen, d’Foyer-scolairen an d’Dageselteren) organiséieren Aktivitéite mat a fir Kanner, fir den Elteren en Abléck an den Alldag an de Betreiungsstrukturen ze ginn. Ugebuede ginn net nëmmen Atelieren zu deene verschiddensten Theemen, ma och Porte-ouverten oder informativ Spadséiergäng. Verschidden Aktivitéiten adresséieren sech un zukünfteg Elteren, fir datt si sech mat der Léieraart, wéi déi non formal Edukatioun se erméiglecht, kënne familiariséieren an esou gesinn, wéi hei d’Individualitéit vun all Kand berücksichtegt an zu senger globaler Edukatioun bäigedroe gëtt.


294 Bildungs- a Betreiungsstrukturen hunn dëst Joer un der Kannerwoch 2025 deelgeholl;  dat entsprécht enger Erhéijung vun 45% am Verglach zu 2024.

1119 Atelieren, Aktivitéiten a Porte-ouverten goufen am ganze Land organiséiert fir den Elteren an dem Grand public Zougang zu der non-formaler Bildung ze ginn an hinnen hir alldeeglech Ëmsetzung an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen ze weisen.

De Kannerfestival huet och dëst Joer säin Erfolleg bestätegt: 13 549 Visiteuren si komm, fir un eng ronn sechzeg Atelieren ronderëm d’ Beweegung, d’ Fuerschen an d’ Entdecken deelzehuelen. Dës villfälteg a spilleresch Atelieren hunn d’ Diversitéit vun der pädagogescher Aarbecht, déi am Alldag an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen geleescht gëtt an hiren positiven Afloss op d’Entwécklung vum Kand gewisen. De Slogan vun dësem Joer “ Non-formal Bildung erliewen : manner Ecran, méi beweegen, entdecken an erliewen” huet dës pedagogesch Approche déi d’ Léiere vun de Kanner op eng spilleresch Aart a Weis erméiglecht an sozial Interaktiounen tëscht de Kanner fërdert, ervirgehuewen.

Wärend der Kannerwoch déi vum 17. bis 23. Mee 2025 stattfonnt huet, war de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’ Crèche „Schëfflenger Bëschzwergen“ besichen. 

No engem Austausch mam Personal vun der Crèche huet de Minister sech engem Grupp vu Kanner ugeschloss.  Hir Aktivitéiten goufen am  Bësch organiséiert – en ideale Kader fir sech ze beweegen, ze entdecken, ze erfuerschen, senger Kreativitéit fräie Laf ze loossen an  zesummen ze schaffen.