Game On: Educator’s Day 2026
D’Spill ass e wesentlecht Element vum Léiere souwuel an der non-formaler Bildung, wéi och an de Schoulen a Lycéeën. De « Game On: Educator’s Day 2026 » steet och dës Kéier ënnert dem Thema vum Spill a bréngt d’Akteuren aus deenen zwee Secteuren zesummen. Den Event gëtt vun der AQUEN, dem IFEN, der Game On a.s.b.l. an de Rotondes de 26. November 2026 vu 14:00 bis 19:00 Auer an de Rotondes zu Bouneweg organiséiert.
Dës Editioun leet de Schwéierpunkt op déi wichteg Roll vum Spill bei der Entwécklung vu sozialen an emotionale Kompetenze bei Kanner a Jugendlechen. Et ginn aacht Ateliere fir d’pädagogescht Personal ugebueden, déi mat Kanner vu 6 bis 12 Joer oder mat Jonke vun 12 bis 18 Joer schaffen. D’Participante kënnen entweeder een Atelier vun dräi Stonnen oder zwee Ateliere vu 75 Minutte besichen. D’Theme reeche vum Asaz vu Gesellschaftsspiller fir pädagogesch Aktivitéiten iwwer d’Ludopädagogik bis hin zu Resilienz a Kooperatioun duerch Videospiller.
Consultatioun vun den Atelieren an Anschreiwung: https://edulink.lu/ndv6
