Datum: 30.05.2026
Uhrzeit: 10:00
Standort: Luxembourg
Kannerfestival an d’Kannerwoch
Déi fënneft Editioun vun der Kannerwoch fänkt den 30. Mee un a geet bis de 5. Juni 2026.
Bildungs- a Betreiungsstrukturen maachen am ganze Land hir Dieren fir d’Elteren op, fir hinnen zesumme mat hirem/hiere Kand/Kanner Léierëmfelder an Atelieren ze weisen.
D’lescht Joer goufen iwwer 1100 Aktivitéiten, Atelieren oder Portes ouvertes am Kader vun der Kannerwoch organiséiert. Flott Geleeënheeten fir d’non-formal Bildung besser kennenzeléieren, hir wichteg Roll an der ganzheetlecher Entwécklung vum Kand ze verstoen an déi deeglech pädagogesch Aarbecht an de Strukturen, déi zum Wuelbefanne vun de Kanner bäidréit, ze entdecken.
Fir den Ufank vun der Kannerwoch ze markéieren, bitt de Kannerfestival an der Abtei Neimënster vill verschidden Atelieren un, déi di 7 Handlungsfelder reflektéieren, fir d’Virwëtz ze erwächen an d’Léiere vu klenge wéi och grousse Visiteuren ze motivéieren.
De Kannerfestival fënnt an der Abtei Neimënster den 30. an 31. Mee 2026 statt, Samschdes vun 10 bis 18 Auer an Sonndes vun 10 bis 17 Auer.
Dir fannt all Aktivitéiten an Atelieren um Internetsite kannerwoch.lu.
Weitere bevorstehende Veranstaltungen:
-
EduTrends 2026 Atelieren
Datum:11.06.2026
Uhrzeit:08:30
Standort:IFEN, Walfer
-
Messe der mehrsprachigen Bildung 2026
Datum:17.06.2026
Uhrzeit:08:00
Standort:Forum Geesseknäppchen
-
15. Nationale Konferenz zur non-formalen Bildung im Kindesalter
Datum:19.11.2026
Uhrzeit:09:00
Standort:Forum Geesseknäppchen
