Konferenz EduTrends 2026: Spille mécht staark - enfancejeunesse

Konferenz EduTrends 2026: Spille mécht staark

Fir eng gesond Screen-Life-Balance kréie Spillen a Beweegung eng ëmmer méi wichteg Bedeitung am Liewe vun de Kanner. Spillen ass vill méi wéi Fräizäit: Et ass Léieren, Entdecken a Wuessen. Am Spill entwéckele Kanner wichteg Kompetenze fir hir Zukunft.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend invitéiert op d’EduTrends-Konferenz 2026 :

Spille mécht staark. Mat der non-formaler Bildung fit fir d’Zukunft!

Weider Detailer an d’Méiglechkeet zur Umeldung fannt Dir um Site www.edutrends.lu.