Draft-zesummenaktiv - enfancejeunesse

Draft-zesummenaktiv

Wëllkomm bei ZESUMMEN AKTIV – der Plattform fir Inspiratioun fir zesumme mat de Kanner a Beweegung ze kommen : Kanner mat Kanner, mam edukativen Fachpersonal aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen, mat de Sportsclibb oder der LASEP. Sou erliewen d’Kanner aktiv, spilleresch a gemeinsam Momenter.

An enger Zäit, wou déi digital Welt eng ëmmer méi grouss Roll am Liewe vun de Kanner spillt ass et méi wéi jee wichteg, hiert Wuelbefannen ze fërderen an en Ëmfeld ze schafen, dat hir motoresch, kognitiv, emotional a sozial Entwécklung ënnerstëtzt. Beweegung spillt dobäi – vun Ufank u – eng wichteg Roll an dëser ganzheetlecher Entwécklung.

ZESUMMEN AKTIV proposéiert inspiréierend Praxisbeispiller, Beweegungsaktivitéiten an pädagogescht Material, am Aklang mam nationale Rahmenplan fir non-formal Bildung vu Kanner a Jonker. D’Zil ass et, Beweegung nohalteg an de Alldag vun de Kanner ze integréieren, andeems si en strukturéiert a motivéirend Ëmfeld ugebuede kréien. Dëse Kader ënnerstëtzt souwuel déi motoresch Entwécklung, wéi och d’Léiere vum Liewen am Grupp an d’Freed un der Beweegung.

Mat Hëllef vun enger Villfalt u spillereschen Aktivitéiten, souwuel dobannen ewéi och dobaussen, déi dem Alter vun de Kanner ugepasst sinn, spillt Dir eng wichteg Roll, fir Beweegung am Alldag ze fërderen, den Zesummenhalt ze stäerken an zum Wuelbefanne vun de Kanner bäizedroen.

  • Dës Säit ass fir Iech: Zil ass et, Iech duerch konkret Beispiller vu Strukturen aus Lëtzebuerg ze inspiréieren. Dir kënnt och selwer dozou bäidroen, andeems Dir eis Är eege flott Projeten oder Initiative schéckt, fir se mat aner Strukturen ze deelen.

    Kontakt: zesummenaktiv@men.lu

Beweegungschallenge

Prett fir Beweegung, Spaass an spannend Erausfuerderungen?

Da maacht mat bei der Beweegungschallenge wou d’ Freed un der Beweegung an d’ Kreativitéit am Mëttelpunkt stinn.

D’ Beweegungschallenge riicht sech u Gruppen aus den SEAS a bitt ofwiesslungsräich Beweegungsaufgaben fir de Cycle 1 bis 4.

D’ Challengen fannen zu 3 verschiddenen Datumer statt, an mussen als Grupp vu mindestens 8 Kanner gemeeschtert ginn:

Challenge #1 ab elo verfügbar!

Challenge #2: ab Mëttwoch, dem 7. Januar 2026 – Deadline: 11. Februar 2026

Challenge #3: ab Mëttwoch, dem 25. Februar 2026 – Deadline: 25. Mäerz 2026

Ënnert de Gruppen, déi d’ Erausfuerderungen erfollegräich ofgeschloss hunn, gëtt ee flotte Präis verloust.

👉 Hutt dir Loscht kritt? Da mellt iech HEI un a sidd dobäi bei der Beweegungschallenge 2025/2026 !

D’ Beweegungschallenge ass eng Initiative vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Dobaussen aktiv

Klengkandberäich

„E Bëschdag mat de Steeseler Wullmais“ – Kannerhaus Steesel

D’Kanner aus der Crèche Kannerhaus vu Steesel ginn an dësem Video en Abléck an en Dag mat hinnen am Bësch. Hei kënnen si sech fräi beweegen, d’Natur mat all hire Sënner an an hirem Rhythmus entdecken a dobäi léieren si sech selwer an hir Liewenswelt ronderëm besser kennen.

Méi Infoen : kannerhaus@cjf.lu

„Am Bësch mat de Keespelter Wiichtel“ – Crèche Keespelt

An dësem Video geet et mat de Kanner op Entdeckungsrees an de Bësch – an d’Welt vun de Wichtel. Tëscht Äscht, Blieder an Insekten erliewen si d’Natur mat all hire Sënner. Zesumme maachen si flott a kreativ Aktivitéiten. Kleng Erausfuerderunge, wéi d’Gläichgewiicht halen oder e bësse Kloteren hëllefen de Kanner, méi sécher a selbststänneg ze ginn an hiren natierleche Virwëtz ze fërderen.

Méi Infoen : sea.creche@kehlen.lu

„Petit à petit, l’oiseau fait son nid…“ – Crèche Pomme d’amour

De Projet vun der Crèche Pomme d’amour zu Krautem war Deel vun der Initiativ “Gitt dobaussen aktiv”. De Video weist, wéi de Projet ëmgesat gouf a wéi en d’Kanner duerch konkret Erliefnisser an Aktivitéite fir d’Natur an d’Vulle begeeschtert huet.

Méi Infoen : crechepommedamour@gmail.com

„D’Liewen an der Bëschcrèche” – Crèche Betzder Bëschbutzen

Déi fënnef Videoe vun der Bëschcrèche vu Betzder presentéieren Aktivitéiten, déi am Laf vun de Joreszäiten am Bësch stattfannen. D’Kanner erliewen hei d’Natur op eng natierlech a spilleresch Manéier, dobäi ginn d’Freed un der Beweegung, d’Selbststännegkeet an d’Selbstvertraue geziilt gefërdert. Duerch Sënnesspiller, motoresch Erausfuerderungen a gemeinsam Erliefnesser wéi d’Baue vun enger Hütt oder d’Erfuersche vun der Ëmwelt, ginn hir Kreativitéit, hiren Teamgeescht an hire Virwëtz ugereegt. Dës Approche erméiglecht et de Kanner, d’Joreszäiten intensiv ze erliewen an eng déif Verbindung mat der Natur opzebauen.

Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com

„D’Fréijoer an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen

Mat frëndlecher Erlaabnis vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.

„De Summer an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen

Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com

„Den Hierscht an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen

Méi Infoen : beschbutzen@gmail.com

„De Wanter an der Bëschcrèche“ – Crèche Betzder Bëschbutzen

Mat frëndlecher Erlaabnis vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.

Schoulkanner

„De Fuuss on move“ – Maison relais Waldbillig

Dëse Video weist e Projet, deen d’Kanner motivéiert, méi dacks Vëlo ze fueren an dës Erfarung mat anere Kanner ze deelen. Duerch reegelméissegt Üben entwéckelen si hiert Gläichgewiicht, d’Reaktiounsfäegkeet an hir Koordinatioun, zum Beispill duerch d’Slalom fueren oder kleng Parcourse mat Hindernisser. Dës Aktivitéite stäerken net nëmme Selbstvertrauen a Freed u Beweegung a Sport, mee fërderen och den Zesummenhalt, d’géigesäiteg Ënnerstëtzung an d’Iwwerwanne vu perséinleche Grenzen.

Méi Infoen : mrwaldbillig@hotmail.com

Fundamentals – Team Lëtzebuerg

“Summerprojeten: Adventure” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék

Dobannen aktiv

Klengkandberäich

„La crèche mobile“ – Crèche Dikricher Däbbessen

An dësem Video gëtt e Projet aus der Crèche zu Dikrech gewisen: d’Benotze vu Lafrieder. Mat dëse Vëloen ouni Pedalle léieren d’Kanner no an no hiert Gläichgewiicht ze halen. Op spilleresch Aart a Weis a ganz an hirem eegene Rhythmus ginn si esou op dat richtegt Vëlofuere virbereet, an entdecken dobäi d’Freed op zwee Rieder ze fueren.

Méi Infoen : mireilleweyland@daebbessen.lu

“Sport a Beweegung” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék

Schoulkanner

Fundamentals – Team Lëtzebuerg

“Sport a Beweegung” – Service d’éducation et d’accueil Lënster Päiperlék

Beweegungsaktivitéiten

An dëser Rubrik fannt Dir villfälteg Spillformen fir dobaussen an dobannen, souwuel fir de Kleng-, wéi och fir de Schoulkandberäich. Dës Aktivitéite goufen am Kader vun der Screen-Life-Balance Campagne, a Kooperatioun mat Elisabeth an dem INAPS entwéckelt a bidden Iddien, wéi ee Beweegung an den Alldag mat de Kanner integréiere kann. D’Aktivitéite sinn einfach duerchzeféieren a fërderen d’Entwécklung vun enger breeder motorescher Basis – dobäi stinn d’Freed an de Spaass un der Beweegung am Mëttelpunkt.

Dobaussen aktiv

Klengkandberäich

Lafspiller

Reaktiounsspiller

Rollespiller

All d’Beweegungsaktivitéiten fir de Klengkandberäich

Schoulkanner

Lafspiller

Spiller zum Geheien a Fänken

Denk- a Strategiespiller

Reaktiounsspiller

All d’Beweegungsaktivitéiten fir d’Schoulkanner

Dobannen aktiv

Abteilung im Aufbau

Pädagogescht Material