SEAventuren – Meng Stëmm am SEA
An dëser Geschicht bauen d’Kanner aus engem Service d’éducation et d’accueil (SEA) un engem Raumschëff. Beim Bastelen, Diskutéieren an Deele vun hiren Iddien hëlt hire Projet no an no Form un, an d’Kanner bereeden sech op eng opreegend Excursioun vir – a Richtung vun engem wäit ewechgeleeëne Planéit.
No hirer Landung entdecken déi jonk Fuerscher eng néi Form vun SEA; si léieren d’Kanner aus dëser Struktur kennen an erliewen, dass si sech aktiv um Gruppeliewe bedeelegen an sech abrénge kennen. D’Kanner tausche Meenungen aus, beobachten sech an hir Ëmwelt a léieren, wéi wichteg et ass, Iddie virzeschloen, Entscheedungen zesummen ze treffen an ëmzesetzen.
Sou dréit jidderee mat senger Präsenz a sengem Engagement dozou bäi, den SEA am Alldag lieweg ze gestalten. Dës Geschicht erënnert drun, datt Respekt, Nolauschteren a Bedeelegung wichteg Schlëssele sinn, fir als Gesellschaft zesummen ze wuessen an eng Ëmwelt ze schafen an där jiddereen seng Plaz fënnt a sech wuel fillt.
Verfügbare Versionen