Beweegungsfërderung an -erzéiung - enfancejeunesse

Zertifikat – Beweegungsfërderung a Beweegungserzéiung

De University of Luxembourg Competence Centre – an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, der École nationale de l’Éducation Physique et des Sports (ENEPS) an dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) – proposéiert en Uni-Zertifikat an der Beweegungsfërderung an -erzéiung. Dës beruffsbegleedend Zousazformatioun mat universitärem Charakter gëtt vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend a vum Sportsministère ënnerstëtzt an erméiglecht de Participanten Beweegunskonzepter pädagogesch sënnvoll ëmzesetzen.