Im Detail
Résumé :
Dir kennt elo déi verschidde Mechanismen an hutt eng Rei vun instrumentater matkritt, mat deenen dir kreativ fir all Altersgruppen, sproochlech Strukturen zum Thema « Emotiounen » an är alldeeglech Aktivitéiten kënnt abauen a gläichäiteg de Kanner weisen, wéi sir hir Gefiller nach anescht kënnen ausdrécken.
Objectifs :
- Déi verschidden Emotiounen an hir Charakteristiken ze erkennen
- Wéi dir de Kanner kënnt hëllefen hir Gefiller auszedrécken
- Wéi dir am beschten mat schwierege Situatiounen ëmgitt a wéi eng Ressourcen dir hutt
- Praktesch Übungen fir Emotiounen mat Sproochstrukturen ze kombinéieren
- Mat wéi engem Material dir kënnt schaffen a wéi dir dat am sënnvollsten asetze kënnt
- Iddien wéi dir är eege Kreativitéit zu dësem Thema aktivéiert an erweidert
- Dir kritt eng Mapp mat Iddien a Beispiller fir direkt lasszeleeën
Contenu :
- Informatiounen an Uleedung zu prakteschen Übungen
- Gruppenaarbechten
- Gemeinsaamt Erschaffe vu verschiddene prakteschen Atelieren mam Material op der Plaz
- Praxisbeispiller an Alldagstransfer
- Diskussioun an Erfahrungsaustausch
PRÉREQUIS : Avoir participé à la formation « Le plurilinguisme (Basismodul) » de Jeannine WEIS
Anmelden
