Archiv Beweegungschallenge - enfancejeunesse

Archiv Beweegungschallenge

Hei fannt dir fréier Editiounen vun der Beweegungschallenge.

Beweegungschallenge 2025/2026

D’Gewënner sti fest! 🏆

Vill Asaz bei der éischter Beweegungschallenge an den SEAS:
94 Gruppen aus den Cyclen 1 bis 4, verdeelt op 38 SEAS, hu matgemaach an zesummen impressionant
419 Challengë gemeeschtert!

An hei sinn d’Gewënnergruppen:

Cycle 1: Maison Relais Schuttrange (CJF)
Cycle 2: Maison Relais Boudersbierg-Dudelange
Cycle 3: Maison Relais Contern (Elisabeth)
Cycle 4: Maison Relais Roude Fiels Rëmeleng

E grousse Merci a Felicitatiounen un all déi, déi matgemaach hunn!


Dir hutt iech alleguer gutt dru ginn an dozou bäigedroen, datt dës éischt Editioun esou e flotte Succès gouf.

Prett fir Beweegung, Spaass a spannend Erausfuerderungen?

Da maacht mat bei der Beweegungschallenge wou d’Freed un der Beweegung an d’Kreativitéit am Mëttelpunkt stinn.

D’Beweegungschallenge riicht sech u Gruppen aus den SEAS a bitt ofwiesslungsräich Erausfuerderungen fir d’Cyclen 1 bis 4.

D’Challengë fannen zu 3 verschiddenen Datumer statt, a sollen als Grupp vu mindestens 8 Kanner zesumme gemeeschtert ginn:

Challenge #1: ab Mëttwoch, dem 12. November 2025 – Deadline: 17. Dezember 2025

Challenge #2: ab Mëttwoch, dem 7. Januar 2026 – Deadline: 11. Februar 2026

Challenge #3: ab Mëttwoch, dem 25. Februar 2026 – Deadline: 25. Mäerz 2026